|
|
|
03- kuck! Bezéiunge gi mir Kraaft am Liewen, mech net eleng ze fillen. Do ass e Mënsch, dee bei mir ass, en Uspriechpartner, eng Vertrauenspersoun.... Et gehéiert zu enger Bezéiung, datt een engem a schwéieren Zäiten hëlleft an datt een op verschidde Saache ka verzichten. Et ass eng grouss Aufgab, fir en anere Verantwortung ze iwwerhuelen. Franziska, 17, Däitschland Bezéiunge sinn eppes Schéines, si beräicheren d’Liewen. Et ass schéin ze wëssen, datt ee bei engem ass. Benedikt, 18, Däitschland Déi stäerkste Bezéiung ass déi vun engem Kand zu senger Mamm…, well dës Bezéiung vergeet ni, och wa se vu villen Entäuschunge gepräägt ass. Elisabeth, 16, Däitschland „Wéi de Jesus seng Mamm gesinn huet, a bei hir dee Jünger, mat deem hie frou war, sot hien zu senger Mamm: Fra, kuck, däi Jong! Du sot hien zum Jünger: Kuck, deng Mamm! A vun där Stonn un huet de Jünger si bei sech geholl“ Joh. 19,26f „Wéi schéin, datt s du grad elo hei bass!“ „Wéi gutt, datt et dech gëtt! Ech freeë mech, datt s du do bass!“ Vläicht schwätzen déi 2 um Bild hi Gefiller guer net aus. Si leie sech einfach glécklech an den Äerm. Et ass schéin, ee fir deen aneren do ze sinn. Et ass schéin, Vertrauen zouenaner ze hunn. Et ass wonnerbar, wann anerer mat mir duerch d’Liewe ginn. „Gedeelte Freed ass duebel Freed, gedeelte Schmäerz ass duebele Schmäerz“ seet e Spréchwuert. Dat gëlt net nëmmen tëschent Elteren a Kanner. Bezéiunge si wäertvoll a kënnen heelen. Si hëllefen och, de gréisste Schmäerz z’iwwerwannen. Um Kräiz léisst de Jesus esou eng Bezéiung tëschend der Maria an dem Johannes opkommen. Fir hien ass et wichteg ze wëssen, datt déi, mat deenen hie frou ass, no sengem Doud ee fir deen aneren do sinn. Du um Kräiz, Jesus Christus, wëlls, datt mir liewen wëlls, datt mir een deen anere gär hunn Looss äis jo soen Zu deenen, déi eis Léift brauchen. Looss äis dankbar sinn Fir d’Léift vun deene Mënschen déi äis no sinn Merci fir deng Léift zu äis. Amen |