7. Statioun

PDF-Download

Hiféierung Wéi déi sechst Stonn koum, dat ass ëm d'Zäit vum Mëtteg, ass iwwert dat ganzt Land eng Däischtert eragebrach. Si huet dräi Stonne gedauert.
Du rifft de Jesus den Herrgott mat haarder Stëmm an huet gebiet.
Duerno huet hie säi Geescht ausgehaucht an ass gestuerwen.

Text Doud. De Jesus ass dout.
Gestuerwen um Kräiz.
Seng Noriicht vum Liewen,
a vun engem Gott, deen d'Liewe gär huet,
hält mam Doud op.

De Jesus ass erofgaangen an "d'Räich vum Doud",
sou bekenne mir et am Credo.
Mir gleewen, datt domat den Herrgott selwer
an den Doud erof gaangen ass.
Sou gesi stierft de Jesu kee gewéinlechen Doud.

Ech weess net, ob ech dat ka gleewen,
awer ech weess, ech däerf drop vertrauen:
Gott ass do - an däischterer Nuecht,
ass do - an déifster Nout
ass do - an déifster Trauer.

Gebiet Et ass méiglech, datt den Hergott wees, wéi schwéier dat Ganzt ze verstoen ass.
Duefir huet hien äis eng Bréck gebaut.
Duerch de Jesus huet hien zu äis gesot:
mäin Häerz brennt fir Iech,
wéi d'Häerz vun enger Mamm oder engem Pappp fir hiert Kand brennt.
Mir däerfen hien eise "Papp" nennen, an duerfir biede mir zu him:

Eise Papp...

Schlagwieder Inhaltliche Leitfaden
- mir stinn tëscht Gottverloossenheet an déiwem Vertrauen
- „D'Kräizweeër vum Liewe gi mir eleng“
- Schmäerz, Echec, Doud
- Mam Doud am Bléck: Wat ass wichteg? Wat schenkt dem Liewe Sënn? Deet stierwe wéi? Wat kënnt dono?
- Mam Leed am Bléck: Wou ass Gott?
- Dem Jesus säin Doud am Bléck: Wéi wäit ginn ech fir meng Saachen?

  „politisch Schlagwierder“
- Wéi geet eis Gesellschaft mam Doud ëm?- Wéi gëtt den Doud an eiser Gesellschaft ausgeklamert, aus de Wunnéchten ausgelagert?
- Ofdreiwung, Genoziden, Stierfhëllef, selbstbestëmmt Stierwen, Begriefneskultur
- Wie gleeft nach un en „dono“?
- Wann et keen „dono“ gëtt, wat gëtt dem „hei an elo“ dann eng Déift an e Sënn?

  Methodesch Virschléi fir ze verdéiwen
- Meditatioun, Stëllt, Besënnung iwwer: Wann haut mäi leschten Dag wier…

Alternativ:
- Eng Spriechmotett kreeéieren: Wat huet dem Jesus säin Doud mat mir ze dinn?