6. Statioun

PDF-Download

Biblesche Bezug Mk 15,24

Hiféierung Dunn hu si hie gekräizegt.

Text Eng Kräizegung war grausam.
An der Bibel sti keng Detailer,
nëmmen, datt sie de Jesus gekräizegt hunn.
Méi net.
Pur Gewalt.
Grausam huet een den Hummer an d’Hand geholl.
Hie schléit zou – dorunner besteet keen Zweiwel.
E richtege Muskelmënsch ass Handlanger vum Béisen.
Wéi en immense Ries huet hie sech viru sengem Affer opgebaut.
Mir liesen am Psalm 22: „Si hu mir d’Hänn an d’Féiss duerchbuert.“
De Jesus huet dëst aalt Gebiet kannt.
Wat do beschriwwe gëtt, ass eng schrecklech Erfahrung.
Vun anere bedrot, verwonnt oder gequält ze ginn -
dat mécht d‘Leben zur Häll.
Hues du schonns eng Kéier esou eppes erlieft:
Bedrohung? Schmäerz? Gewalt?

Pause

Gebiet Mir bieden zesummen:
Gudde Gott,
mir hu vrun Aen,
zu wat Mënsche fäeg sinn.
Maacht eist Denken an Handelen heel
an hëllef äis,
d‘Muecht vum Béisen ze duerchbriechen.
Wou mir hëllefe kënnen,
Gewalt a Guttheet ze wandelen,
gëff äis d‘Kraaft an de Courage derzou.
Amen.

Schlagwierder Inhaltlecher Leitfaden
Schléi, Folter, Mord an Doudschlag
hëlleflos ausgeliwwert, bedrot
Gewalt pur
geschloe ginn
Haass

  politesch Schlagwierder
Krich, Militär, Déngscht mat der Waff?
Politeschen a reliéise Fanatismus
Gewaltverbriechen

  Methodesch Propositioun fir d‘Verdéiwung
"Schlagwuert"
 Wierder, déi schloen, mat deenen een zouschloe kann.