5. Statioun

PDF-Download

Biblesche Bezug

Si hunn seng Kleeder ënner sech opgedeelt, andeems si d’Lous gezunn hunn. D’Vollek stoung do nozekucken. Och déi Iewescht vum Vollek hunn hien ausgelaacht a soten: Anerer huet hie gerett, da soll hien elo sech selwer retten, wann hien de Messias ass, dee vum Herrgott auserwielt gouf.
Lk 23,34b-35

Hiféierung

Elo gläich gëtt hie gekräizegt, awer virdrun doen si dem Jesus d’Kleeder aus.
D‘Ausmooss vun der Folterung ass elo däitlech ze gesinn.
Säi Kierper ass voller Wonnen.
Ouni seng Kleeder ass de Bléck fräi op deen zerschannte Kierper.

 

En Zaldot deet hien aus
An de Jesus steet do.
Plakeg a gerued.
Säi Kierper ass voller Wonnen
an de Jesus steet do
plakeg a gerued.
Bestuel, vernannt, bloussgestallt,
an de Jesus steet do
plakeg a gerued.
E Kinnek deen alles iwwerwënnt,
fir äis Mënschen,
déi mir gaffen, ukloen, vernennen, blousstellen, stielen, verwonnen.

Paus
An de Jesus steet da,
plakeg a gerued.

Gebiet

Mir bieden zesummen:
Här Jesus Christus,
du bleifs gerued
trotz der Damiddegung, de Blessen, de Schmäerzen.
Gëff mir de Courage opzestoen,
wa Mënsche gedamiddegt ginn,
Gëff mir d‘Kraaft selwer stoen ze bleiwen,
wann ech gedamiddegt ginn.
Här Jesus Christus,
stéi du mir bäi.
Amen.

Schlagwierder

Inhaltleche Leitfuedem

  • Schutzlosegkeet
  • Verwondbarkeet
  • Standhaftegkeet
  • Verletzbarkeet
  • Geruedheet

 

 

Politesch Schlagwierder

  • Widerstand
  • strukturell Gewalt
  • Mënscherechter
  • Martyrium

 

 

Methodesch Propositioun fir d‘Verdéiwung
De Réck stäerken, Kierperübungen