3. Statioun

PDF-Download

Biblesche Bezug  
Hiféierung   D‘Maria muss mat kucken, wat hirem Jong ugedoe gëtt.
Pause

Text   Persoun A (fir d‘Maria):
De Jesus steet viru senger Mamm, der Maria.
Si weess nët, wat si elo soe soll.
Firwat ass et nëmmen esouwäit komm?
Si kann et net verstoen.
Hien huet dach näischt verbrach, mä fir den Herrgott gelieft.
Si kann him net hëllefen.

Persoun B (fir de Jesus):
D‘Maria steet virun hirem Jong, dem Jesus.
Si huet hie gebuer.
Si huet hie virum Kannermäerder Herodes gerettet.
Si huet hien duerch säi Liewe begleet.
An elo? D‘Kräiz steet tëscht hinnen.
Et trennt si ee vun deem aneren.
De Jong gëtt higeriichtet.
D‘Mamm muss domat liewen.
Et zerräisst dir d‘Häerz.     A: Doud an Trennung si schmäerzlech.
B: Eng Bezéiung geet an d‘Bréch a léisst äis eleng zréck.
A: Dat ass schwéir auszehalen. Näischt ass méi wéi virdrun.
B: Wien tréischt äis?
Wat dréit äis?
Wien heelt eis Wonnen?

Pause

Gebiet   Mir bieden zesummen:

Sief bei mir, Herrgott,
wann ech eleng a verloosse sinn.
Sief bei mir,
wann ech mech verluer fillen.
Maach mäin Häerz heel.
Amen

Schlagwierder   Inhaltlich Schlagwierder
Äddi soen, Trauer, Bezéiung tëscht Mamm a Jong

  politesch Schlagwierder
Auswierkung vu Gewaltherrschaft op d’Liewe vun deenen Eenzelnen, Ohnmacht vun den Affer

  Methodesche Propositioun fir d‘Verdéiwung
Theaterübung