1. Statioun

PDF-Download

Biblische
Bezuch
Matthäus 27,15ff
Hinféierung All Kéier fir d'Fest war et de Brauch, datt de Gouverneur e Gefaangene
fräigeloss huet. Dee konnt d'Vollek sech auswielen.
Deemols war e bekannte Mann, de Barabbas, am Prisong.
De Gouverneur Pilatus huet d'Leit gefrot: Wat wëllt dir? Wie soll ech fräiloossen, de Barabbas oder de Jesus, dee Messias genannt gëtt?
Hie wousst, datt de Jesus nëmmen aus Näid ausgeliwwert gi war.
Si hu geruff: De Barabbas!
De Pilatus sot: Wat soll ech da mam Jesus maachen, deen de Messias genannt gëtt?
Do hunn si gejaut: Un d'Kräiz mat him!
Hien huet geäntwert: Wat huet hien da Schlechtes gemaach?
Do hu si nach méi haart gejaut: Un d'Kräiz mat him!
Wéi de Pilatus gesinn huet, datt hien näischt erreeche géif, mä datt de Kaméidi ëmmer méi grouss ginn ass, huet hie sech Waasser komme gelooss an huet sech d'Hänn virun de Leit all gewäsch a sot: Ech sinn onschëlleg um Blutt vun dësem Mënsch. Dat ass är Saach!
Dorops huet hien de Barabbas fräigelooss an den Uerder ginn, de Jesus ze gäisselen an ze kräizegen.
Text mat verdeelte Rollen liesen
I: De Jesus gëtt veruerteelt.

II: Mir sinn derbäi.
Mir sinn d'Vollek.
Mir sinn zu vill.

I: Si jäitzen,
well jidderee jäizt

II: Gëff äis de Barabbas fräi!
Looss de Jesus kräizegen!
Jo, un d'Kräiz mat him!

I: D'Mass mécht d'Meenung.
A wat mécht de Riichter Pilatus?
Hie wäscht seng Hänn an Onschold.

III: Et stellt ee sech net gär eleng géint déi aner.

I: Dat ass eng Wonn am Häerz vum Jesus:
Si wëllen hien net méi.
Si wëlle gesinn, wéi hie leid.
Si wëllen, datt hie stierft.
Gebiet Mir bieden zesummen:

Gudde Gott,
du hues äis Ae ginn, fir ze kucken,
an de Verstand, fir ze iwwerleeën.

Hëllef mir ze erkennen, wat richteg ass.
Looss mech eegen Decisiounen huelen.
Gëff mir d'Kraaft, ze widderstoen, wou et néideg ass.
Amen.
Schlagwieder inhaltlech Schlagwieder
- Afloss
- Schwarmintelligenz
- eege Meenung
  politesch Schlagwieder
- Gerechtegkeet
- Demokratie
- onofhängeg Gerichtsbarkeet
  Virschlag fir d'Verdéiwung
Ennerschrëfte sammeln