Prolog

PDF-Download

Lidd Lass mich dir ganz nah sein

Begréissung An der Erënnerung un d'Passioun vum Jesus wëlle mir de Kräizwee goen.
Mir kucken op d'Wonnen, déi dem Jesus geschloe goufen.
Mir wëssen, datt Mënschen och haut nach de Mënsche Leed undinn.

D'Biller vum Kräizwee, déi mir kucke wëllen, sti genee op enger Grenz, déi et haut net méi gëtt: d'Grenz, déi Däitschland - mee och Europa - gedeelt huet.
Vill Mënschen hunn deemools versicht, iwwert dëse sou genannten "Todesstreifen" fortzelafen.
En etlecher sinn dobäi ëmkomm.
Anerer sinn op der Flucht gefaange geholl an inhaftéiert ginn.

Haut ass d'Trennung vun de Staaten iwerwonnen.
Sinn d'Wonne vun de Mënschen och verheelt?

Paus

Dem Jesus säi Kräizwee huet mam Doud um Kräiz opgehal.
Awer och dës Grenze vum Doud si gefall.
Mir gleewen, datt den Doud iwwerwonnen ass.
Mir ginn dëse Kräizwee an der Hoffnung, datt de Jesus operstanen ass.

Déi, déi hie gesinn hunn, hunn et erzielt.
Ee vun hinnen huet esouguer seng Fanger an dem Jesus seng Wonne geluecht.
Wat si bezeien ass eise Glawen.

Gleefst du drun?
Zweiwels du drun?

Lidd Gott, ich suche DICH.

Liturgesch Begréissung Am Numm vum Papp a vum Jong a vum Hellege Geescht.

Gebiet Mir bieden zesummen:

Jesus.
Mir kucken dech un.
Mir kucken,
mir gesinn däi Wee vu Schmäerz a Leed bis an den Doud.

Herrgott.
Mir gleewen: a Christus hues Du den Doud iwwerwonnen.
An dëser Gewëssheet wëlle mir de Kräizwee goen.
Amen.